Noch Fragen? 0800 / 33 82 637

De Kregéiler

E Frënd vun der Natur erzielt

Produktform: Buch

An dësem Wierk setzt hien sech mat senge perséinlechen Erfarunge mat der Natur auserneen, déi hie scho säit senger fréister Kandheet begleet a gepräägt huet. Seng Léift a Faszinatioun fir alles, wat wibbelt a kraucht, krut hie vu sengem Bop an Urgroussbop vermëttelt, déi dem Auteur, wéi en nach e klenge Bouf war, e ganz besonnesche Kaddo gemaach hunn: E Bam. An de ronn 30 Geschichten léisst den Henri Losch dës an aner Momenter Revue passéieren an hëlt de Lieser mat op eng Rees, déi vun Dikrech iwwer Useldeng a Bartreng bis an den héijen Norde féiert, dat op déi gewinnt lëschteg Art a Weis. Eng Uertschaft huet fir den Auteur bis haut eng ganz besonnesch Bedeitung, nämlech Ierpeldeng. Et ass säi perséinlecht Paradäis, fir dat hien dat eent oder anert Affer huet misse bréngen. „De Kregéiler“ ass no „D’Rennscheier – E Guide erzielt“, „Koppeges & Bosseges – E Schoulmeeschter erzielt“ an „E Bouf erzielt – Eng gewéinlech ongewéinlech Kandheet am Krich“ schonn dat véiert an enger Rei vun autobiographeschen Erzielungen, déi den Henri Losch bei den Editions Guy Binsfeld erausginn huet.weiterlesen

Sprache(n): Luxemburgisch

ISBN: 978-9995942281 / 978-9995942281 / 9789995942281

Verlag: Éditions Guy Binsfeld

Erscheinungsdatum: 11.10.2017

Seiten: 320

Auflage: 1

Autor(en): Henri Losch

22,90 € inkl. MwSt.
kostenloser Versand

lieferbar - Lieferzeit 10-15 Werktage

zurück