Noch Fragen? 0800 / 33 82 637

Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk

Onméiglech Geschichten

Produktform: Buch / Einband - fest (Hardcover)

Onméiglech si meeschtens d’Liewensëmstänn, mat deenen d’Personnagen an d’Figure sech erëmklappe mussen. Dat féiert dacks zu klengkaréiertem Gestruewels a Gestreits, heiansdo awer och poulriicht zu ganz komplizéierten oder absurden Entwécklungen. Ganz nom programmatesche Saz vum Janosch: „Mat enger schéiner Lige lieft et sech besser wéi mat enger schlechter Wouerecht.“ Hei nëmmen e puer Elementer aus dem Guy Rewenig sengen néng onméigleche Geschichten: E Museksdozent, dee vun engem Dag op deen anere seng Identitéit verléiert; eng Rebellioun am Shoppingzenter; eng Koppel op enger geféierlecher Expeditioun an d’Éislek; en Autosfestival an däischteren Zäiten; eng problematesch Vakanz um Vierwaldstätterséi; eng grouss Léift ouni Perspektiv; en Abléck an e Lëtzebuerger Vollekssport; en Debakel an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg; en Herkull, dee sech am Schoulministère onbeléift mécht. An nach vill méi Onméigleches gëtt an dësem villfältege Buch.weiterlesen

Sprache(n): Luxemburgisch

ISBN: 978-9995942809 / 978-9995942809 / 9789995942809

Verlag: Éditions Guy Binsfeld

Erscheinungsdatum: 20.11.2021

Seiten: 304

Auflage: 1

Autor(en): Guy Rewenig

20,00 € inkl. MwSt.
kostenloser Versand

lieferbar - Lieferzeit 10-15 Werktage

zurück