Noch Fragen? 0800 / 33 82 637

Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns

Geschichten an Erzielungen

Produktform: Buch

Dem Guy Rewenig säin neiste Wierk „Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de duerch d’Mauer renns” ass eng Usammlung vu 15 Geschichten, déi mat vill Ironie, awer och mat schwaarzem Humor an heiansdo surrealem Witz verfaasst gi sinn. D’Haaptpersonnagë sinn net ëmmer bei ganz kloerem Verstand – sou schéngt et –, hunn aussergewéinlech Hobbyen, sou wéi eng Fra, déi Stëbsdompteurin ass, e Mann, deen Holzfotograf ass, oder si wëlle sech am Beruffsliewe profiléieren, endlech e richtegen Noutfall erliewen oder beim Audit glänzen. Iwwerdeems brécht de Biergerkrich am Supermarché viru Chrëschtdag aus an zwee Clowne probéieren deem Ganzen en Enn ze setzen. Et geet ëm d’Rëss an d’Bréch an der Gesellschaft, ëm fauschtdéck Ligen a schwaach Wourechten, an ëmmer nees ëm kleng a grouss Katastrophen, déi d’Leit aus der Bunn geheien. Bicher vum Guy Rewenig, déi am Verlag Éditions Guy Binsfeld publizéiert gi sinn, sinn: „Ein unwiderstehliches Land” (1986), „Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen” (2015), „Your heart of ice ist hot as vice” (2016), „Comment blanchir les bêtes noires sans les faire rougir” (2017) an elo „Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns” (2017).weiterlesen

Sprache(n): Luxemburgisch

ISBN: 978-9995942304 / 978-9995942304 / 9789995942304

Verlag: Éditions Guy Binsfeld

Erscheinungsdatum: 31.10.2017

Seiten: 512

Auflage: 1

Autor(en): Guy Rewenig

28,00 € inkl. MwSt.
kostenloser Versand

lieferbar - Lieferzeit 10-15 Werktage

zurück