Pillem oder Këssen
Bettwenzeltier an Nuetseskapaden
Produktform: Buch / Einband - fest (Hardcover)
Dem Roland Harsch seng Sammlung vu Gedichter a Prosatexter, dréint sech ëm em Dreem a schloflos Nuechten, an ass wärend genau esou schloflosen Nuechten entstanen. D‘Texter handelen deels vun der Insomnie, fuebelen awer och emol drop lass, grad wéi et dem Auteur an esou enger ellener Nuecht an de Kapp komm ass.
An esou sinn eng Rëtsch Texter entstanen, déi de gewinntenen Humor vum Roland Harsch erëmginn, mat ville Sproochspiller, absurde Situatiounen – jee dramhaften Elementer eeben.
Dat Ganzt ass eng Zort Oflenkungsmanöver: Aplaz nuets do ze leien an ze tiermen, Problemer versichen ze léisen, wou et keng Léisung gëtt, oder Problemer ze gesinn, wou a Wierklechkeet guer
keng sinn, kann de schlechte Schléifer, dee säi Schlof net fënnt, de schlechte Schéifer, dee seng Schof
net gezielt kritt, sech mat Hëllef vun der Sprooch op aner Gedanke brénge loossen, dowéinst:
Amplaz schloflos duerch d’Nuecht ze tiermen an ze kalenneren, entspaant Iech léiwer mat dësem
ofwiesslungräiche Buch.weiterlesen
22,00 € inkl. MwSt.
kostenloser Versand
lieferbar - Lieferzeit 10-15 Werktage
zurück