A sengem One-Man-Owend schafft de Christian Kmiotek mam Publikum drun, déi aktuell Theemen anzeuerdnen, auszesortéieren, z’erklären an nei ze tässelen. Mat spatzer Zong, Niveau an Humor hëlt hien aktuell Phänomener ënnert d’Lupp: vum Alginn a vum Schwäerme vu fréier, iwwert den SUV an de Recycling, vu Verschwörungstheorien
a bronge Gesellen, Dommheet an Nationalismus, bis zum alldeegleche Wansinn an der Famill an um Büro.
Alles, wat de Christian Kmiotek an eiser verwurrelter Welt zum Staune bréngt a wat eis all beweegt, gëtt op d’Schëpp geholl, mol bësseg, mol nodenklech. Heiansdo spréngt hien och aus der Këscht … an déi hien dach eigentlech Uerdnung brénge wollt.weiterlesen